Wëllkomm

Wëllkomm um gemeinsamen Internetportail vum STATEC a vun T.I.P. Marktforschung.

 

Op dësem Portail fannt Dir all relevant Informatioune ronderëm d’Ëmfro iwwert Geschäfts- a Fräizäitreesen.

Mir erklären Iech d’Hannergrënn an de rechtleche Kontext vun der Ëmfro, firwat Dir ausgewielt gi sidd fir deelzehuelen, aus wéi engem Grond d’Donnéeën erhuewe ginn a wat herno domat geschitt.

Merci fir Är Mataarbecht!

Ëmfro

Ëmfro iwwer den Tourismus 


Dës Ëmfro bezitt sech op d ‘Reesverhale vun den Awunner vu Lëtzebuerg während de leschten 3 Méint virun der Ëmfro. Gefrot gëtt ob d’Persoune Geschäftsreesen oder Vakanze gemaach hunn oder net.

D’ Froe bezéien sech op

  • de Mount an d’Dauer vun der Rees,
  • d‘ Land vun der Rees,
  • d‘ Transportmëttel an d’ Plaz vun der Iwwernuechtung,
  • d‘ Käschte vun der Rees …

Sidd Dir virwëtzeg ginn? … hei déi lescht Resultater

Méi Informatioune kritt Dir op der Internetsäit vum STATEC.

Des Ëmfro (baséiert op dem règlement (CE) n° 692/2011 du Parlement européen et du Conseil du 6 Juillet 2011) gëtt vun T.I.P. Marktforschung am Optrag an ënnert der methodologescher Responsabilitéit vum STATEC duerchgefouert. Si gëtt all Trimester bei engem representativen Echantillon vun der Bevëlkerung vu 15 Joer a méi duerchgefouert.

Kontakt

Dir hutt Froen?

Koordinatioun vum Projet beim STATEC:
Marie-Jo AIROLDI
Conditions de vie
tour@statec.etat.lu

T.I.P. Marktforschung, Trier – Deutschland
Nikola Baum
Eurener Str. 15
54294 Trier
+49 651 94800 0
nikola.baum@tip-web.de

FAQ

Bei dëser Ëmfro ginn d’Gewunneschte vun den Awunner vu Lëtzebuerg am Alter vu méi ewéi 15 Joer a Punkto Tourismus erfaasst. Dobäi gi verschidden Aspekter vun de Fräizäitreesen an vun de Geschäftsreese betruecht (Destinatioun, Dauer, Motiv, Transportmëttel, Iwwernuechtung an Ausgaben…) D’Resultater gi benotzt vu Chercheuren, Journalisten, Enseignanten an ëffentlech Akteuren. All Trimester gi 4000 Residenten erausgewielt. Si representéieren d’Diversitéit vun de Leit déi am Land wunnen. Dir sidd eng vun dëse Persounen.

Aus methodologësche Grënn dierfe nëmme Persounen deelhuelen, déi eng schrëftlëch Ufro vum STATEC kritt hunn. Dës Persoune goufen nom Zoufallsprinzip am Nationale Regëster vun de Persounen ausgewielt (méi Informatiounen op guichet.lu). E noe Familljemember kann ausnamsweis d’Froe beäntwerten wann dëse Familljemember déi touristesch Aktivitéit vun der betraffener Persoun ganz gutt kennt.

Jo. De Refus déi gefroten Informatiounen ze ginn am festgesaten Delai oder absichtlech falsch Informatiounen kënnen zu enger Geldstrof féieren (STATEC Gesetz vum 10. Juli 2011).

Jo. Fir dass d’Resulater d’Reesgewunneschte vun allen Awunner duerstellen, also vun de Leit déi verreest sinn an och vun deene Leit déi keng Rees ënnerholl hunn. Wann Dir net verreest sidd, dauert d’Ausfëllen nëmmen e puer Minutten.

Ären Numm an Adresse ginn nëmme benotzt fir Kontakt mat Iech opzehuelen am Kader vun dëser Ëmfro. Dës Informatioune ginn a kenger Weis an de Fichieren mat den Äntwerten ofzespäichert. Är Äntwerte ginn ausschliesslech fir statistesch Zwecker benotzt, also nët fir administrativ oder steierlech Grënn. A kengem Fall ginn individuel Informatioune verëffentlecht. D’Mataarbechter vum STATEC an hir Mandatairen gi perséinlech responsabel gemat duerch Bestrofung an disciplinär Moosnamen wann si déi strikt Geheimhaltung net anhalen.

Op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch.

10 bis 20 Minutten, je nodeem wéivill Reesen dir ënnerholl hutt.

Wann de Froebou zougemat gëtt an en ass nach net ganz ausgefëllt, da ginn déi ausgefëllten Informatiounen automatesch ofgespäichert. Fir weider ze fueren, kënnt Dir Iech einfach erëm op der Saït vun der Ëmfro nei aloggen mat Ärem Zougangscode deen um Bréif steet . Dir kommt dann och direkt op déi Säit vum Froebou wou Dir opgehalen hutt.

De STATEC publizéiert Donnéeën vun engem Joer am Summer duerno (z.B. d’Resultater vun der Ëmfro déi am Joer 2024 duerchgefouert gouf, kommen am Summer 2025). Et dauert e gewësse Moment wëll d’Resultater vu 4 Trimestere mussen zesumme gefasst ginn. An der Tëschenzäit stinn Iech all disponibel Publikatiounen um Site vum STATEC (https://statistiques.public.lu/fr/publications.html?r=f/aem_sub_theme/tags_subtheme:statistiques\tourisme) zur Verfügung.

Déi Leit, déi bei der Ëmfro matmaache sollen, ginn nom Zoufallsprinzip erausgesicht fir e méiglechst geneet Bild vun der Realitéit zu Lëtzebuerg ze erstellen. Wann Dir ausgewielt gouft fir bei der Ëmfro matzemaachen, kann de STATEC Iech net duerch eng aner Persoun ersetzen oder Iech aus der Stéchprouf eraushuelen well dann de Prinzip vun der zoufälleger Stéchprouf net méi respektiéiert wir an d’Qualitéit vun de Resultater affectéiert.